Wäertvollen Fonnt um Schantgen vun der neier Tribün!


31 March 2016

Wäertvollen Fonnt um Schantgen vun der neier Tribün!



Bei de Fundamentsaarbechten vun der neier Tribün hunn d'Aarbechter gëschter am spéiden Nomëtten 2 réimesch, nach verschlossen, Amphoren, mat wahrscheinlech ganz wäertvollen Mënzen fonnt.



No Récksprooch mam Musee ass eng éischt Bestandsopnahm gemaach ginn. Interesséiert Leit kënnen sech schonn desen Freiden firum Match um 17:00 informéieren, wou déi Gemengeverntwortlech zesummen mam Musee national de l'histoire de Fonnt wäerten présentéieren. En Eirewäin gëtt offréiert kuerz virum Championnatsmatch Kielen-Baastenduerf vun der Gemeng.



Éischte Schätzungen no vun den Archäologen wäert de Wäert vum Fonnt d'Baukäschten vun der Tribün bei wäitem iwwertreffen!