En glécklecht neit Joer 2024 - klengen Reckbléck.


02 January 2024

Den FC Kielen wënscht iech alleguer en glécklecht neit Joer 2024!
 
Och 2023 ass de Veräin net stoen bliwwen:
Den FC Kielen zielt haut d'Rekordzuel vun ronn 250 aktiven Jugendspiller, dorënner 80 Meedercher an stämmt en Budget vun knapp 300.000 Euro am Joer ‼️; dovunner d'Rekordzuel vun iwwer 85.000 Euro Sponsoring. 
 
En ganz groussen Merci un all eis Sponsoren iwwert dësen Wee. 
 
Mir kucken och zeréck op eis Manifestatiounen: niewend ronn 300 Matcher an iwwer 1000 Traininger waren dat ënnert anerem eis Fëschfester, dem groussen Raiffeisen-Jugenddag, d'Veräinsfest, de Chrëschtmaart...
 
Weiderhinn koum och 2023 d'Buch eraus vun 75 Joer FC Kielen.
 
Merci un all dei Fraiwëlleg dei eis gehollef hun an ganz vill Zäit an Fraizäit opferen fir all eis Manifestatiounen kënnen ze stämmen iwwert d‘Joer.
 
Ufank 2024 gëtt endlech, no iwwer 4 Joer am Container, dat neit Gebai mat Vestiairen an Buvette fäerdeg. Dëst wäert eis erlaaben och weider Manifestatiounen ze organiséieren, eis Mullefester an Fëschfester awer och nei Evenementer wéi Partyen, Kéisowend, public Viewing, an nach eng Rei vun Iwwerraschungen.
 
Eis éischt Equipe schléisst d'Hinnronn op der 8.Tabellenplaatz of (ewei 22/23 och) an et ass nach Loft no uewen. 
 
Eist Ziel ass et mam neien Trainer esou wäit wéi méiglech uewen ze landen, an awer och weiderhinn eis Jugendspiller mat anzebannen.
 
Eis 2.Ekipp steet op enger ganz gudder 3.Platz an der 3.Klasse. 
 
Félicitatiounen och nach un eis Juniorsentente an Cadetsekipp dei den Sprong an 2.Divisioun gepackt hun, virum Wanter; ewei eisen Cadettes; och wann sie den Hierschtmeeschter-Titel vun Lëtzebuerg just ganz knapp verpasst hun. 
 
Courage och fir eis Jeunes Filles dei an d’1.Divisioun geklommen sin.
 
Den FC Kielen kuckt op eng ganz erfollegräich Jugendarbecht an spannend Joer 2023 zereck an freet sech schon op 2024.