Coupe Luss Plumer 06.&07.an 09.08.2026 zu Kielen
1st August 2026
FC Kehlen
coupe-lucien-plumer.pdf
Verëffentlecht den 01.08.2026
Verëffentlecht den 01.08.2026
Den FC Kielen organiséiert dëst Joer fir d’éischt d’Coupe Lucien Plümer. Dësen Tournoi gëtt zu Éiere vum 5. Doudesjoer vun eisem fréiere Vizepresident Luss Plümer organiséiert, deen eise Veräin iwwer vill Jore mat groussem Asaz a vill Häerzblutt gepräägt huet.
Op dräi Spilldeeg trieden den FC Kielen, FC Mënsbech, FC Koplescht 33 an d’US Béiwen géinteneen un.
E ganz grousse Merci geet un eis Matchballsponsoren:
⚽ Donneschden – 19h30
FC Kielen 🆚 FC Mënsbech: Dave Braun
⚽ Freideg – 19h30
FC Koplescht 33 🆚 US Béiwen:
Joël Scheitler
⚽ Sonndeg – 15h30
Match ëm déi 3. Plaz:
Guy Felten
🏆 Sonndeg – 17h30
Finall:
Romain Kockelmann
Mir soen och e ganz häerzleche Merci un d’Christiane Kremer, d’Fra vum Luss Plümer, déi d’Coupe als Haaptsponsorin ënnerstëtzt an domat dozou bäidréit, d’Erënnerung un de Luss op eng besonnesch Aart a Weis weiderliewen ze loossen.
Mir freeën eis, vill Supporter a Fussballfrënn zu Kielen begréissen ze dierfen an zesummen e flotte Fussballweekend am Gedenken un de Luss Plümer ze erliewen. ❤️🖤
Fotograféiert vum FC Kielen


