+

+

DE COMITÉ, D'JUGENDKOMMISSIOUN, D'SPILLER, D'MEMBEREN AN D'SUPPORTER VUM FC KIELEN

sinn zudéifst betraff a bedaueren den Doud vun hirem langjäregen Spiller, Comitésmember, Vizepresident a President, dem

                     Här Änder Back

                                     9.6.1945 - 15.12.2018

Den Änder huet 1959 seng Lizenz gemaach beim FC Kielen an war laang Joren Spiller an Goalkeeper an der 1. Equipe an Member vum Comité, spéider war hien Vizepresident an duerno President vum Veräin vun 2004 bis 2012.

Hien huet fir den FC Kielen gelieft an duerch säin onermiddlechen Asaz ganz vill zum Erfolleg vum Veräin bäigedroen an dat souwuel am sportlechen Beräich wéi och niewend dem Terrain. Hien war an bleift en Virbild fir eis all.

Mir all wäerten den Änder vermëssen an an allerbeschter Erënnerung behalen. Fir säi langjäregt Engagement fir den FC Kielen soen mir him, an Dankbarkeet a Respekt, ganz grouss Merci.

Dem Mike an dem Sanny, souwéi der ganzer Famill drécke mir eist häerzlechst Bäileed aus.

 

D'Mass gëtt gehalen an der Porkierch zu Kielen, en Donneschden, 20. Dezember um 15.30 Auer.