13. Transfer: Théo Sully, Stiermer


19 July 2022

Nei Transferer!
Mir presentéieren elo all Dag nei Transferer
13. Transfer:
Théo Sully, Stiermer
Den Théo Sully (26) kënnt aus Frankräich an ass 2016 op Lëtzebuerg komm. No enger kuerzer Statioun zu Wäiswampech ass hien op de Progrès Nidderkuer gewiesselt an duerno op Stroossen an op Hueschtert. Mir wënschen dem Théo all Guddes zu Kielen an hoffen op eng flott an erfollegräich Saison. Häerzlech Wëllkomm am Club.