50.Joer Härenekipp FC Kielen - Turnéier 02.07.2022


28 June 2022

Och dem FC Kielen seng Härenekipp féier dëst Joer en ronnen Gebuertsdag an zu hirem 50 järegen, fënnt zum Ofschloss vun der Saison en Turnéier dësen Samschden 02.07.2022, zu Kielen um Fussballsterrain.


Invitéiert sinn d'Ekippen vum SV Kehlen (Meckenbeuren/D) aus eiser Partnergemeng, dem FC Mamer32, FC Useldéng, FC Käerch an natierlech dem FC Kielen.

Wëlls du gesinn, wei richteg gudden, schnellen Fussball gespillt an zelebréiert gëtt, dann gesell dech zou eis op en gudden Maufel, Patt an bei gudder Ambiance ab 14 Auer 30.

Mir zielen op déng Ënnerstëtzung.