De Luss


29 December 2021

Mat schwéierem Häerzen an déiwer Trauer mussen mir den Doud vun eisem laangjäregen Matspiller, Kapitän, Comitésmember, Vizepresident an gudden Frënd dem Lucien Plumer matdeelen.
De Luss ass 1985 vun der Aris bei den FC Kielen komm an huet 15 Joer an der éischter Equipe gespillt. Als Veräinsmënsch war hien während méi wéi 25 Joer Member am Comité, dovun 20 Joer als Vizepresident.
Beim Terrain an um Terrain huet hien gelieft, de Luss war ëmmer do, wann eng Hand mat unzepaken war, wann eent vun de sëllegen Fester ze organiséieren war, an onvergiesslech sinn seng Optrëtter beim Cabaret vum FC Kielen. An der Buvette war hie net ewech ze denken. Hien huet dem FC Kielen de Stempel opgedréckt!
De Plumesch Luss, wéi jiddereen hie genannt huet, war e kollegialen an éierleche Mënsch mat engem gudden Häerz. De Luss konnt och mat Rot an Dot zur Säit stoen, an wann et eescht war dann huet hien an aller Seriositéit déi richteg Wierder fonnt. Mir hunn vill bei him geléiert!
Ganz vill schéin Momenter, vill Spaass an virun allem dain Laachen wäerten mir ni vergiessen an dech ëmmer an gudder Erënnerung halen, léiwen Luss. Merci fir Alles!!
 
De ganzen FC Kielen dréckt der Famill vum Luss dat déifste Matgefill aus.