De René Rippinger gëtt neien Trainer zu Kielen
De Comité deelt mat dass de René Rippinger déi éischt Equipe fir nächst Joer iwwerhëlt. De Rachid Lazaar bleift Co-Trainer.
De René Rippinger war lescht Joer Co-Trainer bei der Jeunesse Esch. Aner Trainerstatiounen waren Luerenzweiler an Réimech sou wéi och d'U15- an U17-Nationalequippen. Als Spiller war hien bei der Aris vun Bouneweg an an den 80er Joren huet hien och 5 Joer laang zu Kielen gespillt.