Eise Meedercher vill Erfolleg bei U15 FLF-Selectioun !


05 September 2022

Den FC Kielen wënscht sengen Meedercher déi mat der letzeboier Nationalekipp op engem "Talents Turnéier - WU15" an Bosnien ënnerwee sinn, vill Spaass an ganz vill Erfolleg.

Vun den 20 jonken Meedercher aus der U15-Selectioun, stellt den FC Kielen am ganzen 6 Spillerinnen. 

Gëschter war den Depart mam Bus op Frankfurt fir dann haut weider mam Fliger via Wien op Sarajevo ze fléien. 

Eng ganz chargéiert Woch waart op déi jonk Nationalekipp mat am Ganzen 3 Matcher, Trainingen, Videoanalysen an Villem méi:  

- en Dënschden, 06.09.spillen si géint Albanien 

- den Donneschden 08.09. spillen si géint Bosnien (ëmmer um 16 Auer) 

- an en Sonnden: 11.09. spillen si hieren leschten Match géint Slowenien (um 12 Auer). 

Alles Guddes eisen 6 Meedercher,

Lana, Joy, Sheyna, Marie, Hannah an Julie, déi bestëmmt mat ganz vill flotten Erfarungen gesond an monter nees den Méinden 12.09. heem kommen.

Allez FCK & seng Meedercher ⚽️