En mega Weekend an 2 Spiller déi ophalen


23 May 2022

Léif Frënn vum FC Kielen,

Den Weekend, war nawell eng lass um Terrain. Den Veräin, huet den Samschden säin 75 Gebuertsdag geféiert. Ronn 500 Léit konnt den Veräin begréissen an ass no der Retrospektiv am Musekssall am Cortège op den Fussballterrain gaangen fir an engem flott animéierten Owend, d'Festivitéiten auskléngen ze loossen.


Den Sonnden stoung den Derby géint d'Alliance Aischdall un.
Ganzer 422 Zuschauer haten sech afonnt, fir dësem Spektakel bäizestoen, an béid Fanlager hunn fir kräfteg Stëmmung gesuergt. Woubäi déi Kielener Supporter an Iwwerzuel woren, an scho 1 Stonn virum Match ugefaangen hunn sech anzestëmmen op dësen Derby. An den Match wor am Endeffekt och änlech. Kielen huet den Match dominéiert, an och ganz iwerzeegent 4-1 gewonnen duerch Goaler vum Joe Ludovicy, Max Mangen, Gino de Marini an Helder Ferreira.


Scho virum Match ass et emotional hiergaangen, well 1.genannten Joe Ludovicy genannt den "Ludo" aus berufflechen Grënn muss luestrëppelen, an emol der 1.Ekipp Äddi gesot huet.
Den Joe huet sämtlech Jugendberäicher duerchlaaf an dunn bal 15 Joer bei der 1. Equipe gespillt

Den Ludo ass en polyvalenten Spiller, deen méi oft an der Verdeidegung gespillt huet awer seng erfollegräichsten Zäit als Stiermer hat, wou en villen Verteideger op d'Nerven gaangen ass, an den Ofwierketten vum Géigner vill Kappzerbrieches gemaach huet. Alléng 15 Goaler des Saison weisen, wei wichteg hien fir d'Ekipp ass an war. Vill Verteideger sinn bestëmmt frou, dass den Ludo en néien berufflechen Wee ongeschloen huet, an hinnen net méi um Terrain an den Wee kennt. Joe, mir wënschen dir op dengem berufflechen Wee Alles Guddes.

Desweideren, gouf och eis Nummer 27 verabschied, deen am zaarten Alter vun 33 Joer seng leschten Saison agelaut huet. Den Jan Arnold huet seng Karriär beim FC Mënsbech gestart, an huet den Wee am 07/2017 iwwert Hueschtert an Woltz bei den FC Kielen fonnt. Den Jan huet iwwert méi ewéi 5 Saisonen d'Këscht propper gehalen, an och mir soen dem Jan villmools Merci fir déi flott Zäit beim FC Kielen an wënschen him an senger besserer Hallschent dem Amanda Alles Guddes fir hier néi Projet'en an hoffen iech nach oft um Terrain ze gesinn.


Mat villen Emotiounen no der Victoire an am Fanblock hunn den Ludo an den Jan nach en puer Lieder ugestëmmt éier den Dag beim Patt ofkléngen ze loossen.
MERCI un all Supporter, Memberen an Benevollen, déi den ganzen Weekend fir an ronderëm den Veräin am Asaz waren.