
Generalversammlung
Léiwe Member,
Mir lueden Iech heimadder häerzlech an op ons
Generalversammlung
e Freiden, den 17. Januar 2020 vun 20 Auer un am „Café Moonlight“ 4, rue de Kopstal zu Kielen
Dagesuerdnung vun der Uerdentlecher Generalversammlung:
1. Begréissung an Usprooch vum President Fred Keup
2. Aktivitéitsbericht vum Sekretär Adri Eschette
3. Keessebericht vum Keessier Christian Maringer
4. Bericht vun de Keeserevisoren
5. Entlaaschtung vum Keessier a vum Comité
6. Wahl vun den Keeserevisoren fir d'Joër 2020
7. Deelweis Neiwahl vum Comité
8. Verschiddenes a fräi Aussprooch
9. Usprooch vum Buergermeeschter oder Gemengevertrieder
Är Kandidaturen fir an de Comité kënne bis den 15. Januar 2020 per E-mail beim Sekretär Adri Eschette (adriano.eschette@fckielen.lu) eragereecht ginn.
Mat beschte Gréiss.
De Comité vum FC Kielen