keng Ticketen méi... nëmmen 300 Zuschauer


19 August 2021

Et sinn keng Ticketen méi do.
An jo dat ass "décke Kack"!
Mir kruten als FC Kielen 100 Ticketen. An mir hätten der iwwer 200 gebräucht. ☹
Mir sollten nach 20 Ticketen nokréien ma och dat war elo den Owend net méi méiglech
Den Äischdall spillt ënner covid-check an kann just 300 Leit am ganzen eranloossen.
Eng Méiglechkeet wier nach fir elo een sanitären Protokoll unzefroen beim Ministère, fir dann 500 Leit eran ze loossen. Dat geet einfach an z.B. Mensdorf hat dat op hirer Coupe de leschten Sonnden gemaach.
Den FC Kielen géif dat och elo maachen, awer de Match ass leider net zu Kielen.
Vläit kéint den Äidchdall dat nach ufroen mä dat ass hir Entscheedung...