Krimineller ënnerwee!!!

Krimineller ënnerwee!!!

Och zu Kielen ass gëschter mëtten géint 16:30 an der vestiaire geklaut ginn. An duerno ginn d'Spueren vun der kreditkaart an d'Belsch...

Vum FC Käerch:

Wéi mir elo schonn vun e puer Spiller confirméiert kruten, sinn gëschter an der Vestiaire wärend dem Training vun der 1 Equipe Boergeld, Aueren an Kreditkaarten (Contactless) geklaut ginn.
Mir haten e nordafrikaneschen /arabeschen Spiller zu Gaascht den sech wärend dem Training bei den Trainer virstellen komm ass fir matzespillen. E géif bei Dussmann schaffen an de President géif bescheet wëssen.
En hat awer weder Fussballschong nach Trainingskleeder derbäi... no der 20 Kéier huet den Jong dun gesot en hätt sech wei gedoe an e géif ophalen mat spillen.
En muss 2 Minutten eleng an der Vestiaire gewierscht sinn iert een vun eisen Trainer hannendrun gaange ass vir ze kucken wat en huet .
Déi 2 Minutten sinn duer gaange fir verschidden Saachen ze klauen.
Transaktiounen vun den geklauten Kreditkaarten sinn haut schon a Frankräich registréiert ginn.
Mir wëllen op dësem Wee aner Veräiner warnen net dat et Iech sou geet wei eis an op déi Masch vun deenen Léit opmierksam maachen!