Neien Trainer


29 May 2023

 
Neien Trainer!
 
Den Marcel Suzzi gëtt neien Trainer vun der 1. Equipe zu Kielen.
 
Hien huet 54 Joer an wunnt zu Zolwer. De Marcel Suzzi huet en A-Schäin an war laang Joren Jugendtrainer zu Käerjeng, wou hien dëst Joer d'Coupe du Prince gewonn huet. Hien war och schonn Trainer vun der 1. Equipe zu Suessem, Kénzeg an Mënsbëch an och Co-Trainer dëst Joer zu Käerjeng. 
 
Als Spiller war hien haaptsächlech zu Péiteng aktiv.
 
De Marcel Suzzi huet vill Erfahrung, kennt de Lëtzebuerger Futtball ganz gutt an ass och de richtegen Trainer fir eis Jugendspiller ze ënnerstëtzen an eis Equipe déi nächsten Joren no fir ze bréngen.
 
Allez FC Kielen