Réckbléck op d'Generalversammlung vum 21. Januar 2022


24 January 2022

Léif Memberen,

Leschten Freiden den 21.01.2022 war déi 77.Generalversammlung vum FC Kielen.

De President Fred Keup huet eng 80 Memberen häerzlech zur Generalversammlung begréisst, an direkt e puer Léit entschëllegt, déi aus aktuellen Ëmstänn an Restriktiounen leider net konnten deelhuelen, dorënner de Buergermeeschter Felix Eischen an d'Schäffen Marc Bissen an Jos Kockelmann.

Ganz besonnesch huet den Fred Keup den verstuerwenen Memberen geduecht, déi dem Veräin an der Vergaangenheet verbonnen waren, an zu hirer Erënnerung gouf eng Gedenkminutt ageluecht.

Eng Generalversammlung ass ëmmer d'Geleeënheet dat vergaangent d'Joer ze bilanzéieren an och en Ausbléck an d'Zukunft ze ginn.

Ewéi 2020, stoung och 2021 leider nees am Zeechen vum Covid an den domat verbonnen Aschränkungen wat natierlech op all Beräicher vun eisem Veräin en groussen Afloss huet.

Eng sëllege Manifestatiounen hunn missten annuléiert, reportéiert oder aneschters organiséiert ginn.

272 aktiv Spiller sinn am Moment aktiv am Veräin. D'Gestioun vum Veräin ass net ze ënnerschätzen an verlaangt ganz vill Aarbecht, déi een vläicht net ëmmer direkt gesäit: Organisatioun vun Traininger an Matcher,Trikoten wäschen, Arbitrage, Material, de ganzen administrativen Opwand vun de Lizenzen, de Planning, de Sponsoring, d'Internetsäit, de Facebook asw.

Dofir huet den President all den Léit aus dem Comité, der Jugendkommissioun, dem Jugendkordonator an den Traineren,den Elteren, esou wéi all de Fräiwëllegen an awer och den Sponsoren, déi dem Veräin trei bliwwen sinn, en groussen Merci gesot.

Weider goung et mat engem klengen Réckbléck op déi sportlech Situatioun ronderëm den Seniorsberäich an och iwwert d'Jugend an engem Ausbléck op d'Zukunft, mat der néier Infrastruktur (Vestiaire an Buvette) déi 2022 soll fäerdeg ginn an dem Ausbléck op d'Festivitéiten vum 75jähregen Jubiläum vum Veräin.  De President huet dann och ganz besonnesch der Gemeng an hiren Verantwortlechen Merci gesot, fir déi dagdeeglech Ënnerstëtzung, sief et wann emol Material gebraucht gëtt, den Entretien vun den Infrastrukturen awer och fir den Subside deen 2021 un den Veräin iwwerwisen ginn ass.

Ënnert anerem sinn den néien syntheeteschen Terrain an d'Beliichtung am September-Oktober fäerdeg ginn.

Dann huet den President awer och nach eemol en Wuert un d'Veräinsmemberen geriicht, fir eisen Meederchersfussball ervirzehiewen. Aktuell spillen eng 45 Meedercher Fussball an den Plang ass fir eventuell eng Cadettenéquipe op d'Been ze stellen vun der Saison 22-23 un. Den FC Kielen huet och fir d'éischten Kéier a senger ganzer 76-järeger Geschicht eng jonk Damm als Arbitter: All Guddes Liz !!!

Dono huet hien d'Wuert un den Sekretär Adriano Eschette weider ginn, deen en ausféierlechen Bericht gemaach huet iwwert d'Aktivitéiten vum Club am Joer 2021.

Den Keesebericht vum Christian Maringer huet net op sech waarden gelooss, an wichteg ze soen, dass trotz all den schwieregen Gegebenheeten den Veräin ee klengen Plus verzeechnen konnt, vun ronn 4.500 EUR. Finanziell geet et dem Veräin ganz gutt, an och fir d'Zukunft ass een gutt opgestallt. Och den Christian Maringer huet nach eemol all den Sponsoren, ewéi och den Donateuren, der FLF an der Gemeng Merci gesot fir déi finanziell Ënnerstëtzung.

D'Keeserevisoren Mike Back, Marie-Louise Jerusalem an Guy Breden hunn dem Caissier no Kontroll d'Entlaaschtung ginn an sinn och vun de Memberen fir d'Joer 2022 bestätegt ginn.

Dono stoung d'Neiwal vum Comité fir 2022 un, an den Fred Keup huet den austriedenden Memberen Claude Clesse an Christian Nikels villmools Merci gesot, fir hier ganz gutt Aarbecht an Stëmmung déi si an den leschte Joren afléissen gelooss hunn.

En néien Comitésmember, den Marc Beffort vun Nouspelt, ass bäikomm.

De Comité gouf vun der Versammlung bestätegt an esou geet den Veräin mat 14 Comitésmemberen d'Joer 2022 an Ugrëff.

Duerno huet den President vun der Härenequipe, den Roland Hack, dem Veräin fir seng exzellent Aarbecht gratuléiert an huet drun erënnert, dass genau virun 50 Joer, am Joer 1972, och d'Veteranen vum Veräin gegrënnt gi sinn.
Och an der Härenequipe ass eng ganz gutt Ambiance an och si freeën sech ëmmer nees iwwert neien Zouwuess, sief et um sportlechen Plang ewéi och iwwert déi flott 3. Halschenten no hiren Matcher.
Mat 2 Spenden, geriicht un den Veräin an un den Comité vum 75jähregen Jubiläum vum Club, huet den Roland Hack dem Club nach alles Guddes fir d'Zukunft gewënscht.

Den Merci vum President huet natierlech net op sech waarden gelooss an no der Usprooch vum Gemengevertrieder Luss Koch huet den Fred Keup d'Versammlung dunn ofgeschloss.

Bei engem Patt a villen Gespréicher gouf d'Generalversammlung dunn pünktlech zur Späerstonn ofgeschloss.