SUPPORT OUR SPONSORS


26 May 2020

SUPPORT OUR SPONSORS

Hei nach en wichtegt Uleies vum FC Kielen. Dofir bieden mir iech dësen Artikel fläisseg ze liken an ze deelen w.e.g.

D‘Corona-Kris betrëfft net nëmmen eis als Veräin, mä och all eis Sponsoren !

Mir froen Iech als Veräin keng finanziell Ënnerstëtzung, mä hëlleft eise Sponsoren dës schwéier Zäit ze iwwerstoen, sou dass si den F.C. Kielen och an Zukunft weider ënnerstëtze kënnen.

Ouni eis Sponsoren an hier Ënnerstëtzung ass et als Veräin net méiglech gutt an erfollegräich ze schaffen.

Dofir wäre mer och frou wann Dir dëse Post fläisseg deelt an eis Sponsoren ënnerstëtzt.

Dier sidd nach net Sponsor oder Partner vum FCK an wëllt eis awer an Zukunft ënnerstëtzen, da mellt Iech bei eis: claude.limpach@fckielen.lu

Zesummen fannen mir eng Formule fir Iech an den Veräin am Beschten ze representéieren an ze ënnerstëtzen.

Merci🙂

Nummer 1 am Westen FCK