Trainingsufank beim FC Kielen.


23 July 2020

Trainingsufank beim FC Kielen.

Gëschter hate mer eng éischt Versammlung.
E Méinden geet et déi éischte Kéier op den Terrain.

De President Fred Keup huet drun erënnert dass de Club 2019 véierten wor, an 2020 drëtten ginn ass, deemno kéint d'Zil fir déi nei Saison just den Opstiig sinn. An dat am Joer 2021, wann de Veräin seng 75 Joer feiert, an déi nei Vestiairen mat Buvette an och den neien Konschtwues fäerdeg ginn.

Den Trainer Francesco Controguerra huet den Spiller eng ganz haart Preparatioun ugekënnegt an gefuerdert dass an all Match déi géigneresch Equipe keng Punkten kritt.

De Claude Clesse huet déi nei Spiller virgestallt.

Mir wënschen all de Spiller an dem Trainerstaff eng flott erfollegräich Saison.

Wann alles riicht leeft ass den éischten Virbereedungsmatch e Sonnden 2. August géint den CSO.