Uerdentlech Generalversammlung 22.01.2022
14 January 2022
Léiwe Member,
Mir lueden Iech heimadder häerzlech an op ons
Uerdentlech Generalversammlung 2022
e Freiden, den 21. Januar 2022 um 20:00 Auer am Musekssall zu Kielen.
Dagesuerdnung vun der Uerdentlecher Generalversammlung:
1. Begréissung an Usprooch vum President Fred Keup
2. Aktivitéitsbericht vum Sekretär Adriano Eschette
3. Keessebericht vum Keessier Christian Maringer
4. Bericht vun de Keeserevisoren
5. Entlaaschtung vum Keessier a vum Comité
6. Wahl vun den Keeserevisoren fir d'Joër 2022
7. Deelweis Neiwahl vum Comité
8. Usprooch vum Buergermeeschter oder Gemengevertrieder
9. Verschiddenes a fräi Aussprooch
Är Kandidaturen fir an de Comité, kënne bis den 19. Januar 2022 per E-mail beim Sekretär Adriano Eschette (adriano.eschette@fckielen.lu) eragereecht ginn.
Generalversammlung fënnt ënnert dem Covid-Régime 2G statt.
Plazen sinn begrenzt, dofir muss Dir Iech beim Adriano Eschette umellen, sief et per sms oder per Mail, an dat bis Mettwochs, den 19. Januar 18:00.
+352 621 286 397 umeldung.gv@fckielen.lu
Mat beschte Gréiss.
De Comité vum FC Kielen