Virstellung vun den neien Spiller: Kevin Hoffmann

Virstellung vun den neien Spiller: Kevin Hoffmann

An haut presentéieren mir ierch den nächsten Spiller, deen déi nächst Saison op Kielen wäert wiesselen.
Den Kevin Hoffmann huet 23 Joer an huet ëmmer zu Monnerëch gespillt. Vun do aus as hien op Weiler gewiesselt an sech definitif am Seniorsberäich etabléiert. Vun der 1.Divisioun, ass hien an d'Éierepromotioun opgestiegen, fir no engem weidere Joer dono, op Hueschtert ze wiesselen.
Do konnt hien och seng éischt Minutten Erfarung an der BGL sammelen. Dem Kevin seng Positioun ass den offensiven Beräich.