Bert Heger †
11th February 2026
FC Kehlen
Fotograféiert vum FC K

Mat déiwer Trauer sinn mir den Doud vum Bert Heger gewuer ginn.
Zënter 1982 war de Bert beim FC Kielen, als Trainer, als Spiller, als Offiziellen an iwwerall do wou Hëllef gebraucht gouf.
De leschten Gol huet de Bert am Joer 2000 am Alter vun 60 Joer beim 1-1 géint Märel geschoss, an der 1. Divisioun.
Virdrun huet hien der ganz vill geschoss, genee 999 Goler hat hien gezielt. De Bert Heger war schonn an de 60er Joren dräi Mol Torschützenkönig an der Nationaldivisioun an huet Meeschtertitelen an Coupen gewonnen, ënnert anerem op der Fola, op der Aris, zu Beggen an zu Gréiwemaacher. Jiddereen huet de Bert kannt awer de Bert ass ëmmer ganz einfach bliwwen.
De Bert huet ni en Training verpasst.
De Bert war ëmmer gutt gelaunt.
De Bert krut an senger ganzer Carrière just eng giel Kaart, an déi war mol net berechtegt.
De Bert huet eis duerch säin Wëllen, säin Fair Play, seng Hëllefsbereedschaft, seng positiv Astellung, säin Laachen an seng Frëndlechkeet immens geprägt.
Mir wäerten dem Bert ëmmer dankbar sinn an hien ëmmer a gudder Erënnerung halen.
Senger Famill eist déifsten Bäileed.
