Saison 2025/26: Eng historesch Saison fir den FC Kielen
8th July 2026
FC Kehlen




Den FC Kielen kann op eng aussergewéinlech Saison 2025/26 zeréckblécken. Sportlech Erfolleger bei den Hären, den Dammen an an der Jugend ënnersträichen déi positiv Entwécklung vum Veräin an d’Qualitéit vun der Aarbecht, déi an de leschte Jore geleescht gouf.
D’Härenekipp (1.Ekipp) huet eng ganz staark Reckronn nom Wanter gespillt an den Championnat op enger exzellenter 3. Plaaz ofgeschloss an der 1.Divisioun - 1.Bezierk.
Den Héichpunkt vun dëser Saison ass awer ouni Zweiwel de Championstitel vun der Dammenekipp an der 2. Liga an den verdéngten Opstig an d’1. Liga geséchert. Et ass eng aussergewéinlech Entwécklung: Eréischt virun zwee Joer gegrënnt, wäert d’Dammenekipp an der Saison 2026/27 schonn an der héchster Lëtzebuerger Divisioun untrieden.
Och am Jugendberäich ginn et Grënn, houfreg ze sinn. Eis WU15 huet eng exzellent Saison gespillt an ass Landesmeeschter an hierer Kategorie gin.
Op individueller Basis konnt sech den Dany Camilo auszeechnen. Mat senger impressionanter Ausbeut u Goler huet hien sech de Titel vum Torschützenkänig vun der 1.Divisioun geséchert an domat eng aussergewéinlech Saison gekréint.
Esou sportlech Erfolleger si just méiglech duerch den Asaz vu ville Mënschen.
E ganz grousse Merci geet un eis Supporteren, Sponsoren, Elteren a Benevollen, déi de Veräin iwwer déi ganz Saison mat vill Engagement ënnerstëtzt hunn. Ob op der Tribün, an der Buvette, bei der Organisatioun vun de Matcher oder hannert de Kulissen – si all droen dozou bäi, datt de FC Kielen sech kontinuéierlech weiderentwéckele kann.
D’Saison 2025/26 kritt eng zousätzlech symbolesch Bedeitung, well si am Joer vum 80. Anniversaire vum FC Kielen ofgeschloss gëtt.
Den FC Kielen gratuléiert allen Acteuren zu dëser aussergewéinlecher Saison a freet sech schonn elo op d’Challenge vun der Saison 2026/27.
