Skip to contentSkip to footer
FC Kielen

FC Kielen
#Allez FC Kielen

Umellen

FCK GEWËNNT D’COUPE LUSS PLÜMER!

10th August 2026

FC Kehlen

E schéinen Ofschloss vun der éischter Coupe Luss Plümer zu Kielen!

Am Match ëm déi 3. Plaz setzt sech den FC Mënsbech mat 4:0 géint d’US Béiwen duerch.

An der Finall gewënnt eis Ekipp kloer géint den FC Koplescht 33. Domat bleift déi éischt Coupe Luss Plümer zu Kielen! 🏆❤️🖤

E grousse Merci un déi véier Ekippen, eis Sponsoren, eis Bénévolen an natierlech un all déi Leit, déi déi lescht Deeg laanschtkomm sinn.

❤️ E ganz besonnesche Merci geet un dem Luss seng Fra an seng Schwëster, déi eis an de leschten Deeg esou vill flott Fotoen, Momenter an Erënnerungen un de Luss mat eis gedeelt hunn. Doduerch war hien dës Deeg nach eng Kéier e Stéck méi no bei eis.

Eng Coupe fir de Luss – an Erënnerungen, déi bleiwen. ❤️🖤🏆

Fotograféiert vum FC Kielen