Saisonstart den 23.08.2026 - Seniors 1 Hären
20th August 2026
FC Kehlen
ENDLECH GEET ET ERËM LASS!
No 6 intensive Woche Preparatioun, villen Trainingen an enger Rei Testmatcher ass et dëse Sonndeg esou wäit:
Eis 1. Härenekipp start an de Championnat 2026/2027!
Éischten Optrëtt: auswäerts am Pafendall -Sonnden 23.08. - 16 Auer
Déi lescht Wochen hunn eis Spiller genotzt, fir sech op déi nei Saison virzebereeden. Elo ass d’Preparatioun eriwwer – ab e Sonndeg zielt et!
An dobäi ziele mir natierlech och op IECH!
Eis Supporter hunn d’Ekipp ëmmer nees zahlräich begleet an ënnerstëtzt. Mir hoffen, datt der och dës Saison nees hannert eiser Ekipp stitt – doheem an auswäerts!
Nach keng GOLDENKAART?
Dir kënnt är Goldenkaart fir d’Saison 2026/2027 nach ëmmer reservéieren a vun de ville Virdeeler bei eisen Heemmatcher profitéieren. https://www.fckielen.lu/golden-card-fc-kielen-268240v4
MATCHBALL SPONSORING
Och fir eis Matchbäll sinn nach ronn eng hallef Dose Matcher fräi. Wien den FC Kielen op dës Manéier ënnerstëtze wëll, kann sech nach aschreiwen. https://www.fckielen.lu/donateurs-matchball-23-24-266529v4
D’Preparatioun ass eriwwer. Elo geet et ëm Punkten!
Mir freeën eis op är Ënnerstëtzung an hoffen, iech e Sonndeg am Pafendall ze gesinn!
ALLEZ KIELEN
Fotograféiert vum FC Kielen

