Resumé - Generalversammlung 09/2026
13th October 2026
FC Kehlen
Generalversammlung vum FC Kielen
E Freideg, den 25. September 2026, huet den FC Kielen seng uerdentlech Generalversammlung ofgehalen.
No der Begréissung duerch eise President Fred Keup goufen d’Aktivitéitsberichter vum Club a vun der Jugendkommissioun, de Keesebericht an de Budget fir d’Saison 2026/2027 presentéiert.
Bei der deelweiser Neiwal goufen Maryse Frantzen a Christian Nikels nei an de Comité gewielt. Roy Rech, deen am Laf vun der vergaangener Saison cooptéiert gi war, gouf offiziell vun der Generalversammlung an de Comité gewielt.
👉 De Comité vum FC Kielen besteet domat aus 13 Memberen: Fred Keup, Claude Limpach, Adriano Eschette, Christian Maringer, Marc Beffort, Lex Wagener, Sandra Weber-Rehlinger, Fabio Sousa, Patrizia Paciotti, Yves Melmer, Roy Rech, Maryse Frantzen a Christian Nikels.
D’Gemeng Kielen war duerch de Kevin Urbing an d’Maryse Frantzen vertrueden. De Kevin Urbing huet zum Ofschloss e puer Wierder un d’Versammlung geriicht.
E grousse Merci un all eis Memberen, Benevollen, Traineren, Spiller a Spillerinnen, Supporter a Sponsoren, souwéi un d’Gemeng Kielen fir hir Ënnerstëtzung.
🔴⚫ Zesumme fir den FC Kielen!
